Informatioun zu de Produkte, Präisser a Bestellung

Wat gëtt et ze kaafen?

Read More

Neies aus der Hierstgriecht

Wat gëtt et Neies?

Read More

Blog

Den éischten Viz 2018 ass do!

No laangem Waarden ass den éischten Viz fir 2018 agefëllt. Et gëtt een wéi ëmmer an den 3- an an den 5 Liter Bag-in-Box. Den Viz gouf aus den Zorten: Alkmene, Blauacher Wädenswill, Danziger Kantapfel, Porzenapfel an Lëtzebuerger Renette gemaach huet deemno net vill Séier.

Leider keen Vizverkaf 2017

De spéiden Frascht am Fréijoer huet och de gréissten Deel vun eisen Beem getraff, sou dat mir dëst Joer just Äppel un den Zorten haten, déi nom Frascht nach gebléit hunn. A well dat just ee puer Beem waren, kënnen mir dëst Joer leider keen Viz verkafen. Mir hoffen dann, dat mir d’nächst Joer rem mat enger normaler Recolte

Read More

26/11/2016 – Veiner Chrëschtmaart

Vun 10.00 bis 18.00 ass ee Samsdëg, den 26. November zu Veinen op der Plaz bei der Gemeng Chrëschtmaart. De Beieveräin Kanton Veinen huet ee Verkafs- an Informatiounsstand mat Produkter rondrëm d’Bei (Hunnëg, Crèmen, Hunnëgdrëpp, Met, awm.) a bidd eng flott Aktiviéit fir Kanner un. Kommt bis laanscht a loosst Iech ee Pättchen waarmen Met

Read More

Neien Viz 2016

Den neien Viz 2016 ass fäerdeg. Dëst Joer gouf 3 mol gepresst. Déi éischt Recolte, déi aus méi fréien Zorten wéi Gravensteiner an Alkmene gemaach ginn ass, ass méi séiss. Dësen Viz ass nach Umstellungsware. Déi aner 2 Recolten sinn aus de klasseschen alen Bongerten-Zorten wéi Eifeler Rambur, Lëtzebuerger Triumph, Lëtzebuerger Renette, Boskoop, Roter Trierer

Read More

Info- an Dégustationsstand um Haff-Fest um Kasshaff

Besicht eis den nächste Samschdeg (30.04) vun 10.00 un um Haff-Fest um Kasshaff zu Rolleng. Gebueden ginn Informatiounen zur Bio-/Demeter-Landwirtschaft, Visitten vum Haff, Kanneraktivitéiten, verschidden Verkafs- an Infostänn a villes méi. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. Kass-Haff, 187A, route de Luxembourg, L-7540 Rollingen. Wéider Infos ënner www.facebook.com/Kass-Haff.