Eisen Betrib am Niewenerwerb bewirtschaft ron 7 ha Land. Dozou gehéiert een knapp 5 ha groussen Bongert an ron 2 ha Weed (Biotoptyp Flachlandmähwiese) an der Hierstgriecht tëschent der Selz an Tandel an ee klengen Bongert direkt hannert eisem Haf zu Longsdrëf.
Iwwer de Wanter 2003/2004 hu mir den eemolegen Bongert vun dem nach just ee puer al Neelchesbiren verbliwwen waren mat 160 Héichstamm-Uebstbeem (Äppel, Kiischten, Mirabellen, Reine-Clauden, Quetschen, Quidden an Hondsasch) rëm nei ugeplanzt. Zanter 2013 droen d’Beem sou vill dat den éischten Viz konnt an de Verkaf goen. Am Wanter 2016/2017 ass de Bongert nach eng Kéier em 1ha mat 50 Äppel-Héichstämm erweidert ginn; am Wanter 2017/2018 ass nach eng Kéier een weideren Hektar mat 50 Äppel-Héichstämm derbäikomm. Beweedt geet de Bongert an och de Rescht vun der Weed vun Abrëll/Mee bis September/Oktober (je no Wieder a Fudder op der Weed) mat Ranner (Galloway an Angus) déi mir a Pensioun huelen.
Gepresst gëtt de Viz bei der Eppelpress zu Eppelduerf. D’Weiderverabëchtung vum restlechen Uebst maachen mir selwer. Mir verschaffen just dat Uebst dat an eisen Bongerten wiisst.
Den Viz aus dem Bongert an der Hierstgriecht ass säit 2016 EU-Bio an Bio-Lëtzbuerg zertifizéiert.
Säit dem Fréijoer 2017 Erhalternetzwerk Obstsortenvielfalt vum Pomologenverein a kënnen op Ufro Edelreisser vun alen, schützenswerten Äppelzorten zur Verfügung stellen a leeschten sou e Beitrag zum Erhalen vun eisen regionalen Uebstzorten.