Neien Viz 2016

dsc_0563

Den neien Viz 2016 ass fäerdeg. Dëst Joer gouf 3 mol gepresst. Déi éischt Recolte, déi aus méi fréien Zorten wéi Gravensteiner an Alkmene gemaach ginn ass, ass méi séiss. Dësen Viz ass nach Umstellungsware.

Déi aner 2 Recolten sinn aus de klasseschen alen Bongerten-Zorten wéi Eifeler Rambur, Lëtzebuerger Triumph, Lëtzebuerger Renette, Boskoop, Roter Trierer Weinapfel, Kaiser Wilhelm, Porzenapfel an nach vill méi gemaach. Dës Beem stinn alleguerten an eisem groussen Bongert an der Hierstgriecht an de Viz vun deenen Beem ass EU-Bio an Bio-Lëtzebuerg zertifiéiert. Op der neier Etikett fann Dir elo och d’Informatioun aus wéi engen Zorten de Viz gepresst gouf.

 

logo-eu-bioImpression